Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.837 Tester waren der 59 positiv, aktuell sinn 32 Leit hospitaliséiert
E Samschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 814 bliwwen ass.
Verëffentlecht: 29.05.21 17:30, Update: 29.05.21 17:34
Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner 12 op der Intensivstatioun.
An de leschte 24 Stonne goufen 1.229 Leit eng éischte Kéier an 4.136 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 340.132 Dosisse gesprëtzt.