Ëmgeleet op de FindelWéinst engem medezineschen Noutfall huet eng Ryanair-Maschinn en ongeplangte Stopp zu Lëtzebuerg gemaach

Carine Lemmer
D'Maschinn war vu London ënnerwee an Albanien.
© RTL Mobile Reporter

Um Fluchhafe gouf et en Dënschdeg de Moie géint 8 Auer en Asaz vun der Ekipp vum SAMU. E Fliger vu Ryanair, dee vu London an Albanien ënnerwee war, huet wéinst engem medezineschen Noutfall u Bord um Findel missen noutlanden.

Ryanair: "Fliger op Lëtzebuerg ëmgeleet wéinst medezineschem Noutfall u Bord"

Well e Passagéier u Bord krank ginn ass, huet d'Crew medezinesch Hëllef ugefrot, déi de Fliger bei der Landung och erwaart huet.

De Passagéier gouf aus dem Fliger geholl an an e Spidol bruecht, fir do weider behandelt ze ginn.

De Fliger wier duerno um 9:11 Auer Lokalzäit a Richtung Tirana weidergeflunn. No Aussoe vun der Fluchgesellschaft huet et sech dobäi net ëm eng Noutlandung gehandelt.

Back to Top
CIM LOGO