Et ass een historescht Resultat, dat e Sonndeg bei de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt erauskomm ass. Mat ronn 44 Prozent ass déi riets AfD ganz kloer déi stäerkste Kraaft ginn.
Wéi hien dat bewäert, froe mer e Méindeg de Moien den Tréierer Oberbürgermeister Wolfram Leibe als eisen Invité vun der Redaktioun. Mam SPD-Politiker schwätze mer ënnert anerem iwwert d'Grënn fir d'Walresultat a Sachsen-Anhalt an d'Konsequenze fir d'Politik op Bundesniveau.
Ee Sujet wäert zudeem d'Vernetzung tëscht Tréier a Lëtzebuerg sinn. Den Invité héiert Dir wéi ëmmer direkt nom Noriichteniwwerbléck vun 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.