
Zu Clierf huet et en Donneschdeg den Owend no 23 Auer an der Grand-rue an engem Appartement gebrannt. Zwou Persoune goufe verwonnt, mellt de CGDIS. Véier Pompjeescorpse waren am Asaz.
No 17 Auer waren am Rollengergronn zwee Ween net laanschtenee komm. Bei deem Accident goufen zwou Persoune verwonnt.
Zu Märel sinn um 18:40 Auer an der Lonkecher Strooss och zwee Autoe kollidéiert, eng Persoun gouf verwonnt.
No 19 Auer gouf et dann nach eng Kollisioun op der A3 Richtung Metz, wou e puer Gefierer dra verwéckelt waren. Heibäi goufen och zwou Persoune verwonnt.