
De Camping ass a bleift populär, esou op mannst d'Generalseketärin vun der Camprilux, der nationaler Associatioun vun de Campingen, Linda Gedink. Op hirem Camping an der Fiels si vill Famillje mat Kanner an och Jonk Leit, déi do Vakanz maachen. Deemno ass de Camping och ee Secteur, an deem weider vill investéiert gëtt, dat geséich si och bei hire Confrèren. D'Leit géifen dann och weider an d'Vakanz goen, trotz wirtschaftlech méi ugespaanten Zäiten:
"Wat vläicht e bëssen Afloss huet ass, datt elo d'Bensinnspräisser alleguer e bësse gehéicht gi sinn, da fuere se vläicht net méi esou wäit, mee dat ass jo dann och ëmmer e Virdeel fir Lëtzebuerg, well mer dann och net esou wäit ewech sinn aus Holland, Däitschland an der Belsch."
Bis elo wier een dann och ganz zefridde mam Joer. Besonnesch an der Niewe-Saison hätt een dëst Joer gutt geschafft.