
Eng Fra aus den USA huet Cannabis am Wäert vu knapp enger Millioun Dollar an d'USA geschmuggelt. Wéi déi japanesch Police e Freideg matdeelt, wier d'Fra zesumme mat enger anerer 25 Joer aler Persoun festgeholl ginn. Béid Frae wieren deemno vun New York op Tokio geflunn. Bei hirer Landung um Fluchhafen Haneda hate si zou Wallissen dobäi an deene gedréchent Deeler vu Planze fonnt gi sinn, bei deenen et sech ëm Cannabis soll handelen. A japanesche Medien ass vu ronn 30 Kilogramm Cannabis an engem Wäert vun 150 Millioune Yen rieds.
Wéi et vun der Tëleeschaîne Nippon TV heescht, hätt eng vun de Frae bei der Police ausgesot, dass si d'Droge fir Sue geschmuggelt hätt a wéinst der Méiglechkeet, fir näischt a Japan ze reesen. Déi aner Fra géif iwwerdeems drop bestoen, näischt vum Cannabis an de Koffere gewosst ze hunn, schreift d'Zeitung "Tokyo Shimbun". Vun engem Spriecher vun der japanescher Police heescht et, dass d'Frae fir de Cannabis-Schmugel mat enger drëtter Persoune zesummegeschafft hätten, där hir Identitéit bis ewell nach net gekläert wier.
Dat japanescht Anti-Droge-Gesetz zielt zu deene strengsten op der Welt. Op de Schmuggel vu Cannabis sti bis zu zéng Joer Prisong.