Enquête vu "Gamers Nexus"LG-Smart-Tëleeë kënnen och am Stand-by Daten an Audio erfaassen

RTL Lëtzebuerg
Eng Recherche vun der YouTube-Chaîne "Gamers Nexus" an onofhängege Sécherheetsexpertë suergt fir nei Bedenken a Punkto Dateschutz bei LG-Smart-Tëleeën.
D'Chaîne informéiert zënter 18 Joer iwwer Evolutiounen um Hardware-Marché
D'Chaîne informéiert zënter 18 Joer iwwer Evolutiounen um Hardware-Marché
© YouTube "Gamers Nexus"

A méi wéi 500 Stonnen Tester gouf ënner anerem festgestallt, datt verschidden LG-Fernseeën de Wifi-Reseau analyséieren an all Apparater am Stot erkennen.

Besonnesch kontrovers ass d'Mikrofon-Funktioun: D'Fuerscher konnten Audio ophuelen, och wann de Mikro ausgeschalt, den Ecran schwaarz an de Fernsee vum Internet getrennt war.

An engem Test gouf souguer en zweete Mikrofon entdeckt, deen duerch d'Mute-Astellung net ausgeschalt gouf. Gespäicherten Audio soll dunn eropgeluede gi sinn, wéi d'Tëlee nees online war.

Doriwwer eraus benotzt LG Automatic Content Recognition (ACR), fir ze analyséieren, wat um Ecran leeft oder iwwert d'Lautsprecher ofgespillt gëtt.

Esou Informatioune kënne fir Reklamm- a Marketingzwecker genotzt ginn. D'Firma dementéiert awer, datt hir Fernseeë Gespréicher ophuelen oder späicheren.

Och bei der Cybersécherheet goufe Schwaachstelle fonnt, déi en Ugräifer potenziell dozou kéinte bréngen, aus der Distanz Code um Fernsee auszeféieren. Zousätzlech goufen an enger Rei Appen aus dem LG-webOS-Store Elementer entdeckt, déi den Internetverkéier vun engem Stot als Proxy kéinte weiderleeden.

Am Mee dëst Joer hat LG sech scho mat den Autoritéiten am US-Staat Texas gëeenegt. D'Firma huet missen d'Benotzer méi kloer iwwer d'Erfaassung vun ACR-Donnéeën informéieren an hinnen eng Opt-Out-Optioun erméiglechen.

Back to Top
CIM LOGO