"Gréissten Defi" fir Europäeschen a Lëtzebuerger FinanzsecteurCSSF-Direkter warnt viru kënschtlecher Intelligenz

Michèle Sinner
Déi aktuell Gestiounssystemer wieren dorop net preparéiert, warnt de Claude Marx vun der CSSF a sengem Virwuert.
D'Gebai vun der CSSF
© RTL Archivbild

Den Direkter vun der CSSF, Claude Marx, fänkt de Rapport annuel 2025 vum Banken- a Finanzregulateur mat enger Referenz vum Stanley Kubrick säi Film Space Odyssey un. Dat fir virun de Risike vun der Kënschtlecher Intelligenz ze warnen, nodeems d'Software "Mythos" vun der Firma Antropic ausgebéchst war an eng aner Firma gehackt hat. Sou Softwarë kéinten zwar d'digital Resilienz stäerken, mee och vu Kriminelle voire Raiberstaaten exploitéiert ginn, fir Schwächten an de Systemer ze fannen a séier, massiv a sophistiquéiert Attacken ze lancéieren.

Déi aktuell Gestiounssystemer wieren dorop net preparéiert, warnt de Claude Marx a sengem Virwuert. Sou Incidente kéinte sech via Bezuel- a Clearingsystemer duerch de ganze Finanzsystem propagéieren. D'EU kéint just op eng kleng Zuel vu Prestatairen zréckgräifen. Datt déi meescht vun hinnen ausserhalb vun der EU wieren, géif fir Europa eng strategesch Ofhängegkeet a geopolitesch Risike mat sech bréngen. Dat wier senger Meenung no de gréissten Defi fir de Lëtzebuerger an den Europäesche Finanzsecteur an deene kommende Méint a Joren. D’CSSF hätt ugefaangen, de Lëtzebuerger Secteur ze sensibiliséieren, déi ugefaangen hätten, generativ kënschtlech Intelligenz anzesetzen.

Ma dat géing och e ganze Koup Risike mat sech bréngen, wéi d’Datesécherheet, der KI hir Virurteeler an hir Halluzinatiounen, mee och Risike fir d’Finanzstabilitéit a finalement déi vun der Gouvernance an der Responsabilitéit. Et wier dofir "essentiel" datt Verwaltungsréit an Direktiounen hiren Ekippe strateegesch Orientatioune ginn, wéi déi Risiken ze mitigéiere wieren.

Hei gëtt et de komplette Rapport 2025 vun der CSSF!

Back to Top
CIM LOGO