
An engem éischter ongewéinleche Protest zu Warschau hunn eng 30 Robotere kleng Fändele geschwenkt, Parolen zum beschte ginn a sinn am Krees marschéiert. Organiséiert war d'Demonstratioun vun der Initiativ Democratism, déi op hirer Websäit annoncéiert hunn, eng Debatt wëlle auszeléisen, "wéi d'KI an d'Robotiséierung den Aarbechtsmaart betreffen".
"Déi hei present Robotere solle weisen, dass dës Technologie scho Wierklechkeet ass", sou de KI-gesteierten humanoide Roboter Agibot A3. Wärend der Demonstratioun vu mënschenänlechen zweebeenegen an och véierbeenege hënnänleche Roboteren huet ee Parolen aus Hautparleuren héiere wéi "verdeedegt d'Aarbechtsplazen", "et ass Zäit fir Reegelen" oder nach "waart net, reguléiert".
Den Organisateur Grzegorz Kulis sot AFP géintiwwer, d'Demonstratioun soll virun allem op d'Méiglechkeet opmierksam maachen, dass Mënschen, déi eng geeschteg Aarbecht maachen, souwuel duerch mënschenänlech Robotere wéi och KI ersat kënne ginn. "Wa mir elo net reagéieren, kéinte mir geschwënn e Probleem hunn", sou de Kulis weider a betount, wéi wichteg Reegelen an eng Reguléierung als Schutzschëld fir d'Employéë sinn.
De polnesche President Karol Nawrocki hat am Juli e Gesetz ënnerschriwwen, mat deem d'KI-Uerder vun der EU an d'Praxis soll ëmgesat ginn.