GT World Challenge Endurance CupDylan Pereira, Andrea Frassineti an Alex Aka wanne Gold-Cup-Kategorie

Andy Brücker
De Weekend war den Dylan Pereira direkt op zwou Plaze gläichzäiteg am Asaz, souwuel bei der 24-Stonne-Course zu Zolder wéi och bei der GT World Challenge Endurance um Nürburging.

Bei der 24-Stonne-Course zu Zolder gouf et allerdéngs kee gléckleche Verlaf. D'Ekipp vum Lëtzebuerger huet wéinst technesche Probleemer um Porsche 992 GT3 Cup nämlech fréizäiteg missen opginn. Den Auto hat vun engem Moment op deen anere keng Leeschtung méi. Et ass een nach zeréck an d'Box gefuer an huet eng Zäit laang nom Ausléiser vum Problem gesicht, konnt deen awer kuerzfristeg net lokaliséieren. Den Auto wäert elo an der Woch komplett ausernee geholl ginn, fir de Feeler ze fannen an ze behiewen.

Fir den Dylan Pereira huet dat op d'mannst geheescht, datt hie mat Zäite Richtung Nürburgring fir d'GT World Challenge Endurance fuere konnt, wou hien dann och méi ausgerascht wéi erwaart ugetrueden ass. Zesumme mat dem Italieener Andrea Frassineti an dem Däitschen Alex Aka konnt den Dylan Pereira um Audi R8 LMS GT3 EVO II mat der Startnummer 99 vun Tresor Attempto Racing de Gold Cup an der 3-Stonne-Course um Sonndeg gewannen. Gefuer gouf vu 15 bis 18 Auer. Am Generalklassement koume si op déi exzellent 7. Plaz.

No der Course war den Dylan Pereira méi wéi zefridden, nodeems hie sech an der leschter Stonn vun der Course an engem spannenden Duell mam Gilles Magnus am Porsche 911 GT3 R EVO am Gold Cup duerchsetze konnt an déi éischt Plaz net méi ofginn huet. Wéi den Dylan Pereira den Auto vum Frassineti iwwerholl huet, ass hie genee do erauskomm, wou dunn ëm d'Féierung am Gold-Cup gekämpft gouf. Seng Pneue waren zwar virgehëtzt, an awer brauch een awer gutt en hallwen Tour, bis se richteg Gripp opbauen. Doduerch konnt de Lëtzebuerger net voll dogéint halen. De Magnus huet sech richteg breet gemaach mat sengem Porsche, an et koum doropshin och zu enger liichter Kollisioun. Den Dylan Pereira huet zwou Plaze verluer, konnt sech awer am Verlaf vun der Course nees erun, a souguer laanscht kämpfen, fir um Enn éischten am Gold-Cup ze sinn an op Plaz 7 am Generalklassement iwwert den Zilstréch ze fueren. De Lëtzebuerger war a sengem Stint dann och den drëttséierste Pilot op der Streck, wat weist, wéi gutt d'Kombinatioun aus him an dem Audi R8 funktionéiert huet.

Et ass dës Saison déi éischt Victoire am Gold-Cup fir den Equipage um Audi R8, deementspriechend grouss war d'Freed no der Arrivée, grad och well een an deenen anere Courssen net bis iwwer d'Arrivée komm war.

D'Course gouf gewonne vun Thiim, Soerensen Drudi op Aston Martin mat der Startnummer 007.

Wat steet elo als nächst um Programm?

Den Dylan Pereira ass no der Course net heem gefuer, ma en ass um Nürburgring bliwwen. Hie gëtt hei déi nächst 3 Deeg privat Fuertraininge fir Leit, déi mat hirem Auto dohinner kommen an en 1 zu 1 Coaching kréien.

Duerno steet dann de Michelin 992 Endurance Cup zu Spa um Programm, eng 12-Stonne-Course op Porsche 992.1 Cup-Auto vun AF-Motorsport. Hien deelt sech den Auto mat 3 anere Piloten a si fueren an der ProAM-Kategorie. Zejoert konnt den Dylan Pereira déi Course um Porsche vum Team 48 Losch Motorsport gewannen.

Back to Top
CIM LOGO