Porsche ARbox Carrera Cup AsiaDylan Pereira mat enger Victoire an zwou Top5-Plazen a Malaysia

Andy Brücker
Tom Hoffmann
De Lëtzebuerger huet dofir säi Congé virzäiteg missen ënnerbriechen, fir op Sepang a Malaysia ze fléien an do fir d’Ecurie Absolute Racing un den Depart ze goen.
© AR Box / Absolute Racing

Den Dylan Pereira war dëse Weekend beim Porsche Carrera Cup Asia um Depart. Domat war sécher, dass de fréiere Supercup-Champion seng fënnefte Course als Gaascht-Starter géif fueren.

Nodeems de Pereira d’lescht Joer op der selwechter Pist als aktive Pilot vum Porsche Carrera Cup Asia allen dräi Coursen hannertenee gewonnen hat an um Enn och de Championstitel mam Team Shanghai Yongda BWT gefeiert hat, ass dës Kéier eng Victoire dobäikomm. Donieft ass hien an den anere Leef Véierten a Fënnefte ginn.

Zu Sepang goufen am Kader vum Carrera Cup Asia nämlech direkt dräi Coursen op engem Weekend gefuer.

D'Konditioune wärend dem Weekend waren alles anescht wéi einfach, bei Temperature vun ëm 35 Grad an enger Streckentemperatur vu ronn 60 Grad. Do huet ee kierperlech mussen an Toppform sinn.

De Qualifying fir déi éischt Course war alles anescht wéi gutt gelaf, well wéinst engem Vergoe géint d'Track-Limits d'Zäit vum Dylan gestrach gouf. Hien huet musse vun der 27. Plaz starten, deemno konnt ee kaum mat engem Toppresultat rechnen. Eleng an der 1. Ronn huet hien awer scho 15 Konkurrenten iwwerholl. Seng Juegd ass dann och weider gaangen an um Enn vun der Course war et eng sensationell 5. Plaz fir den Dylan Pereira. Domadder konnt hie méi wéi zefridde sinn, wann ee consideréiert, vu wou e fortgefuer war.

Am Qualifying fir déi 2. Course war et déi zweetbescht Zäit. Den Depart vun der Course war dann och optimal fir de Lëtzebuerger gelaf, hie konnt sech fréi un d'Spëtzt setzen an huet sech um Enn e Virsprong vun iwwer 11 Sekonnen erausgefuer op Plaz 2, fir d'Course souverän ze gewannen.

An der 3. Course war et Startplaz 22, wat awer näischt sollt drun änneren, dass den Dylan Pereira nees vun Ufank u Vollgas ginn huet. E konnt fréi an der Course 10 Plaze guttmaachen. Hätt d'Course nach méi laang gedauert, wier sécherlech och nach de Podium dra gewiescht, ma sou war et um Enn déi ondankbar 4. Plaz.

Mat enger Victoire an zwou Top5-Plazen am Gepäck goung et deemno nees heem.

Seng Aventure am Porsche ARbox Carrera Cup Asia 2026 ass nach net eriwwer, well am Oktober wäert hien och bei der Finall zu Singapur nees fir Absolute Racing starten.

Back to Top
CIM LOGO