FuttballChampions League live op RTL - Dës Woch mat dräi Partien

RTL Lëtzebuerg
Den 1. Spilldag vun der Ligaphas an der Futtball-Champions-League geet vun en Dënschdeg bis en Donneschdeg.
Champions-League-Coupe
De PSG geet als Titelverdeedeger an d'Champions League. A wëll d'Coupe eng drëtte Kéier noenee gewannen.
© VALERY HACHE/AFP

Vun dëser Woch u rullt de Ball nees an der Futtball-Champions-League. Et ass den Optakt vum 1. Spilldag an der Ligaphas. Gespillt ginn d'Matcher en Dënschdeg, e Mëttwoch an en Donneschdeg. Op RTL kënnt Dir all Dag ee Match live kucken:

Vun 20:45 Auer u ginn d'Matcher live op RTL ZWEE op der Tëlee an am Livestream op RTL Play iwwerdroen. Kommentéiert ginn d'Matcher vum RTL-Journalist Jeff Kettenmeyer an dem RTL-Expert Paul Philipp.

Back to Top
CIM LOGO