"Mir sinn houfreg als klengt Land bei der Futtballweltmeeschterschaft dobäi ze sinn. An et ass schéin ze gesinn, datt eis Blo Haie sou vill Leit versammelen a mir all zesummenhalen", esou d'Organisatrice vum Public Viewing, déi ënnert anerem och d'Commission Vivre ensemble vun der Gemeng Ettelbréck um Event vertrueden huet.
Am Norde vum Land war e Méindeg den Owend eng méi lass. De WM-Optakt vun den Tuberões Azuis (Blo Haien) hätt net kënne besser sinn. D'Endresultat vum Match war ee Gläichspill (0-0) géint de Favorit Spuenien.
Mat verfollegt um groussen Ecran op der Maartplaz hunn dat ronn 2.000 Fans. Fënnef kapverdianesch Associatiounen hate sech zesummegesat, fir zesumme mat der Gemeng ee Public Viewing z'organiséieren.
D'Rosa Clemente an d'Dominique da Silva ware bei de Preparatioune mat dobäi, huet den Organisateuren iwwer d'Schëllere gekuckt an d'Euphorie agefaange vun de Fans.
Fir déi "Blo Haien" geet et am Grupp H als nächst géint Uruguay an duerno géint Saudi-Arabien.