MiamiOp d'mannst fënnef Doudeger bei Accident vun Amazon-Cargofliger

RTL mat AFP
Um internationale Flughafe vu Miami ass et e Sonndeg zu engem déidlechen Accident komm. D'Rettungsaarbechte sinn net nëmme fir d'Piloten u Bord vun der Maschinn komplizéiert.
Beim Unfall eines Frachtflugzeugs des Amazon-Konzerns am internationalen Flughafen Miami im US-Bundesstaat Florida sind mindestens fünf Menschen ums Leben gekommen. Den Behörden zufolge schoss die Maschine beim Anflug über die Landebahn hinaus, rammte Fahrzeuge und fing Feuer.
Den accidentéierte Frachtfliger vun Amazon.
© AFP

Beim Accident vun engem Cargofliger vum Amazon-Konzern um internationale Flughafe vu Miami sinn e Sonndeg op d'mannst fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm. Nieft de fënnef Doudesaffer géif et fënnef Blesséierter ginn, sot de Chef vun de Pompjeeë vu Miami-Dade County Ray Jadallah e Sonndeg der Press. Den Autoritéiten no wier d'Maschinn, déi aus Puerto Rico komm war, bei der Landung iwwert d'Landebunn erausgeschoss, huet dobäi Gefierer gerammt a Feier gefaangen.

"De Fliger ass an eng Rei Gefierer geknuppt", huet den Jadallah gesot. Doduerch wieren "e puer vun den Affer an hire Gefierer ageklemmt" ginn. De Chef vun de Pompjeeën huet vun enger "komplexer" Rettungsaktioun geschwat, dat ënner anerem och wéinst der Pilote-Crew, "déi an dësem Fliger agespaart waren". Ob de Pilot an de Co-Pilot den Accident iwwerlieft hunn, sot den Jadallah nach net. Méi wéi 60 Pompjeesautoen a knapp 200 Pompjeeë waren am Asaz.

Dräi vun de Blesséierte wieren nach "an engem kriteschen Zoustand" an Traumazentre bruecht ginn. Zwee weider Verwonnter goufen donieft an engem Spidol versuergt.

De Sheriff Rosie Cordero-Stutz sot de Journalisten op der Plaz, d'Rettungsekippen hätten eng "wierklech tragesch Plaz" virfonnt. Fir déi ëffentleche Sécherheet géif et allerdéngs "keng offensichtlech Gefor" ginn.

De Flughafen huet wéinst dem déidleche Virfall awer all Start- a Landebunne gespaart an d'Ermëttlunge fir d'Ursaach vum Accident goufen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO