
Et gëtt nees en neie nationale Rekord am Schwammen. Op engem Meeting zu Indianapolis an den USA ass de Rémi Fabiani iwwert 50 Meter Réck an der Finall no 25 Sekonnen an 29 Honnertstel ukomm.
Domadder gëtt hien de Siwenten, zesumme mam Grant Bochenski, dee genee déi selwecht Zäit geschwommen ass. Gewonne gouf d'Course vum Quintin McCarty an enger Zäit vu 24 Sekonnen a 45 Honnertstel.
Schonns an der Serie hat de Fabiani mat 25 Sekonnen an 36 Honnertstel säin eegene Rekord vun 2024 verbessert. An der Finall war en deemno nach emol en Tick méi séier.