National Liichtathleetik-MeeschterschaftenPatrizia van der Weken a Vera Bertemes verdeedegen hir Landestitelen

RTL Lëtzebuerg
Géint d'van der Weken war op den 100 Meter Sprint kee Kraut gewuess. D'Bertemes hat iwwer 1500 Meter keng Problemer, muss awer nach op d'Qualifikatioun fir d'EM waarden.
© AFP (Archiv)

E Samschdeg an e Sonndeg sinn um INS um Zens déi national Outdoor-Meeschterschaften an der Liichtathleetik. D'Patrizia van der Weken konnt hir Positioun als Nummer 1 op en Neits ënnermaueren. D'Leeferin vum CAPA ass souwuel am Virlaf (11,19 Sekonnen) wéi an der Finall iwwer 100 Meter esou just iwwer der 11-Sekonne-Mark bliwwen. Mat enger Zäit vun 11,22 war d'van der Weken däitlech méi séier wéi d'Camille Gaeng (12,07) an d'Noemi Damaso Kohl (12,24). Fir d'Gaeng an d'Damaso Kohl waren et perséinlech Beschtzäiten.

Bei den Häre geet den Titel iwwer 100 Meter un den David Wallig vum CSL. Hie war mat 10,67 Sekonne minimal méi séier wéi de Luc Dostert (10,81) an de Jim Kaell (10,86).

D'Patrizia van der Weken ass scho fir d'Europameeschterschaft, déi vum 10 bis de 16. August zu Birmingham an England stattfënnt, qualifizéiert. D'Vera Bertemes-Hoffmann hofft nach op eng Qualifikatioun fir d'EM zu Birmingham. Well d'Norm fir 1500 Meter awer bei 4:03,50 läit, also zimmlech séier, hätt si en neie perséinleche Rekord lafe missen. Mat 4:12,04 war d'Bertemes-Hoffmann wuel déi Séierst, mee blouf awer däitlech iwwer der erfuerderlecher Zäit. Hiert Zil war et awer éischter, Punkten ze sammelen an dann iwwer de Ranking d'Qualifikatioun ze packen. Ob dat klappt, steet eréischt nom Weekend fest.

Bei den Häre gouf et e Foto-Finish ëm den Titel iwwer 1500 Meter. Um Enn war de Jory Teixeira mat enger Zäit vun 3:50,03 minimal méi séier wéi de Fidélio Klein (3:50,22) an de Gaspar Klückers (3:50,94).

Des Weideren huet de Fransous Olivier Caron am Bommstoussen mat senger Saison-Beschtleeschtung vun 13,70 Meter gewonnen. Beschte Lëtzebuerger war den 20 Joer jonke Pol Muller mat 12,34 Meter op der zweeter Plaz. Bei den Dammen huet mat der Katharina Schiele eng Däitsch gewonnen. Si huet d'Bomm 13,58 Meter wäit gestouss. D'Stéphanie Krumlovsky koum als bescht Lëtzebuergerin mat 11,79 op déi zweet Plaz.

Am Héichsprong ass kee méi héich gespronge wéi de Quentin Bebon. Den Athleet vum CA Bieles huet d'Mark vun 1,86 Meter iwwerwonnen an domat seng Saison-Beschtleeschtung realiséiert.

All d'Resultater fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO