
E Samschdeg goufen um Terrain vum TC Schëffleng d'Finalle vum Interclub-Championnat ausgedroen.
D'Damme vun der Spora hate keng gréisser Problemer mam TC Péiteng. D'Marie Weckerle, Sophia Biolay, Eleonora Molinaro a Caroline Daxhelet konnten hir Matcher zimmlech däitlech gewannen, dohier stoung et um Enn 4:0 fir d'Spora.
Bei den Häre war et däitlech méi spannend. Well no sechs Matcher am Eenzel kee Gewënner feststoung (3:3), gouf de Champion an dräi weidere Matcher am Dubbel entscheet.
Eréischt de leschte Match tëscht dem Duo Gilles Kremer a Yannick Vandenbulcke géint de Christophe Nickels a Melvin Vix sollt d'Decisioun bréngen. Hei haten d'Spiller vun der Schéiss dat bessert Enn fir sech a gewannen an der Additioun 7:5 géint den Houwald.