Méi Entlaaschtung fir JonkerRegierungsrot huet zwee Projeten aus dem sougenannte "Booster fir de Wunnengsbau" ugeholl

Claude Zeimetz
Erhéijung vun den Zënssubventiounen op Immobilieprêten an zousätzlech Hëllefe fir jonk Proprietäre bis 35 Joer.
Finanziell Laascht fir Jonker soll erofgoen.
© Shutterstock

Schwaarz-Blo hat en nach kuerz virun der Summervakanz presentéiert. E Freideg huet de Regierungsrot zwee Projeten aus dem sougenannte "Booster fir de Wunnengsbau" ugeholl. Et geet engersäits ëm d'Erhéijung vun den Zënssubventiounen op Immobilieprêten an zousätzlech Hëllefe fir jonk Proprietäre bis 35 Joer. Zil ass et, datt spezifesch bei deene Jonken déi finanziell Laascht, déi se all Mount fir e Logement opbrénge mussen, iwwert dee Wee erofgeet. Anerersäits ginn déi individuell Logementshëllefen zum Beispill am Beräich vum "Klimabonus Wunnen" punktuell geännert.

PDF: Regierungsrot - Briefing vum 4. September 2026

Back to Top
CIM LOGO