
Datt d'Schwämm e Samschdeg an e Sonndeg zoubleift deelt d'Gemeng ënnert anerem op hirer Facebook-Säit mat. Hannergrond ass de Virfall vu Virgëschter.
D'Personal hat eng Persoun aus dem Waasser gezunn, déi sech net méi beweegt huet. De Mann ass méi spéit an der Klinik gestuerwen. Et wéilt een dem Personal elo no deem Virfall déi néideg Zäit ginn, heescht et vun der Gemeng.
D'Evenement "Muppeschwammen", wat den 13. September geplangt ass, soll awer bäibehale ginn.