Feier ënner KontrollZu Housen huet et op engem Busdepot gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 22 Auer krut RTL Videomaterial vun engem Feier zu Housen geschéckt.
D'Feier war séier ënner Kontroll
D'Feier war séier ënner Kontroll
© Domingos Oliveira

Wéi sech kuerz drop erausgestallt huet, stoungen, wéi een op de Biller gesäit, e puer Gefierer op engem Busdepot a Flamen.

E Freideg den Owend, koum et am Park Housen zu engem Brand.
Zeien hunn RTL dës Foto zoukomme gelooss.
© Mobile Reporter
Brand zu Housen
Zeien hunn des Opname gemaach.

D'Pompjeeë ware séier op der Plaz. Eng 50 Mann waren am Asaz, fir d'Feier ze läschen. Kuerz no 23 Auer war dëst ënner Kontroll. En Deel vun der Hal wier och vun de Flame betraff.

Méi Detailer sinn den Ament nach net gewosst.

Pompjeeën am Asaz am Parc Housen
Op de Biller ass ze gesinn, dass d'Feier kuerz no 23 Auer ënner Kontroll war.
Feier op Busdepot zu Housen
De Materialschued ass héich.

Back to Top
CIM LOGO