Associatioun vu Giischtercher schléit AlarmGiischtjen am Prisong Uerschterhaff vu Prisonéier mat Pan aggresséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun vun de Giischtercher schléit Alarm. D'Situatioun an de Prisonge géing Suerge bereeden.
Den Uerschterhaff zu Suessem
Den Uerschterhaff zu Suessem
© Sam Bouchon

D'Associatioun vun de Giischtercher (AAP) rapportéiert en neien Incident an engem Prisong zu Lëtzebuerg. E Mataarbechter vum Prisong wier vun engem Prisonéier mat enger Pan aggresséiert ginn. D'Affer gouf direkt op der Plaz traitéiert a koum duerno fir eng Kontroll an d'Spidol.

Ee Probleem wier och deen, datt besonnesch de Prisong Uerschterhaff fir Leit an Untersuchungshaft aktuell iwwerbeluecht wier an datt d'Capacitéiten un hir Limitte géinge stoussen. D'Associatioun schwätzt vu groussem Drock a formuléiert Sécherheetsbedenken, souwuel fir d'Personal, wéi och fir d'Prisonéier.

<b>Agression physique d’un agent pénitentiaire</b><br>Association des Agents Pénitentiaires du Grand-Duché de Luxembourg a.s.b.l.

Back to Top
CIM LOGO