Eng Stonn an 20 Minutte fir näischt Neits gewuer ze ginn. De Premier hätt net dervu profitéiert, fir ze soen, a wéi eng Richtung sech d'Land soll entwéckelen, sou huet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding den RTL-Summerinterview mam Premier Luc Frieden empfonnt. Si war e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
"Ech géing der Regierung recommandéieren, [am Logement] carrement an de Krisemodus ëmzeschalten!" Dat huet d’LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding op RTL deklaréiert. D'Cheffin vun der gréisster Oppositiounsfraktioun war agelueden, fir op eise Spezial-Summer-Interview mam Premier Luc Frieden ze reagéieren. An deem Interview hu mer Froe vu Leit eragespillt an et ass vill iwwert de Logement gaangen.
Der LSAP-Fraktiounscheffin no hätt de Premier en Donneschdeg den Androck ginn, datt am Oktober Wale wieren. Dem Luc Frieden seng Äntwerte wiere "ganz dënn" gewiescht, esou d'Taina Bofferding. Si huet e Plang fir d'Zukunft vum Land a Léisungen zu strukturelle Problemer vermësst, mat op éischter Stell dem Manktem u bezuelbare Wunnengen. Si huet der Regierung recommandéiert, an e "Krisemodus" ëmschalten: mat Experten e "Master-Plang" auszeschaffen, deen determinéiere géing "do an do gëtt an den nächste Jore gebaut", Suen an de Grapp huelen an "Tempo" erabréngen.
Op d’Gemengeprozeduren an d’Reklammatioune vun de Leit ugeschwat, huet d’Taina Bofferding op de sektorielle Plang fir de Logement higewisen, dee Plazen ausweist, wou soll gebaut ginn. Si huet awer zouginn, datt joerzéngtelaang – och ënner Regierungsbedeeleung vun der LSAP - op de gudde Wëlle vu Gemengen a Besëtzer gehofft gi wier, fir datt méi gebaut gëtt. Mee dat géing elo net méi duergoen. "Mir mussen do contraignant Instrumenter hunn", esou d'LSAP-Fraktiounscheffin.
Als viregt Inneministesch huet si op hir contraignant Projeten higewisen, déi se ausgeschafft hat: d’Reform vun der Grondsteier, d'Spekulatiounstaxe op eidel Terrainen an eidel Wunnengen (*), de remembrement ministériel (**), oder nach de Baulandvertrag (***). Si huet zouginn, datt déi Projeten op Widderstand gestouss sinn a vum Staatsrot "zerrappt" goufen. Si géing elo Juristen zesummeruffen, fir dat juristesch "getesselt" ze kréien, mee an hiren Ae wier dat aktuell politesch net gewollt.
Mat der LSAP Fraktiounscheffin hu mer nach ee vun de Sujeten aus dem Interview mam Premier erausgepickt: den Index. D'Taina Bofferding huet indirekt begréisst, datt de Luc Frieden net un dee Mechanismus wéilt goen, deen de Verloscht u Kafkraaft duerch d'Inflatioun kompenséiert. D'Inegalitéite géinge wuessen, jo, mee an hiren Ae misst een dee Phenomen iwwer d'Sozialpolitik ugoen, mee och iwwer d'Steieren.
D'LSAP ass och fir d’Individualiséierung – eng eenzeg Steierklass – mee se ass och am Géigesaz zur CSV-DP Majoritéit dofir, datt "Ongerechtegkeeten" am System behuewe ginn. D'Taina Bofferding huet drop higewisen, datt de Projet vum Finanzminister Gilles Roth virgesäit, datt Brutto-Gehälter vun 300.000 Euro entlaascht géinge ginn, woubäi de selwechte Gilles Roth, ewéi en an der Oppositioun war, oppe war, fir de Spëtzesteiersaz an d’Luucht ze setzen.
Mir hunn drop higewisen, datt ënner LSAP-Regierungsbedeelegung d'Verméigenssteier ofgeschaaft an de Spëtzesteiersaz kaum an d'Luucht gesat gouf. Si huet op hir Versich als Inneministesch higewisen, fir Grondbesëtz méi an d'Spekulatioun iwwerhaapt ze besteieren. Versich, déi awer wéi gesot gescheitert sinn.
Notte vun der Redaktioun:
(*) D’CSV-DP Regierung huet d’Grondsteierreform ofgeschwächt nei op den Instanzewee bruecht . D’Taxe op eidel Terrainen och. D’Taxe op eidel Wunnengen huet se ofgetrennt, well se op e Regëster vun eidele Wunnenge waart.
(**) De remembrement ministériel gesäit vir, datt den Inneminister en Tosch vun Terraine kann imposéieren, fir datt op engem Ensembel vun Terrainen e Projet ka realiséiert ginn. Den neie Minister Leon Gloden huet dee Projet ëmgeännert op den Instanzewee bruecht.
(***) De Baulandvertrag hätt virgesinn, datt en Terrain, deen an de Bauperimeter kënnt, bannent enger gewësser Zäit misst bebaut ginn a wann dat net geschitt, wier d’Strof, datt den Terrain nees a gréng Zon ëmklasséiert gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.