Accident am RollengergronnChauffer hat ze vill gedronk, war um Telefon an hat kee Gurt un

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet vun en Donneschdeg op e Freideg zwee Fuerverbueter ausgeschwat. Dat, well d'Chaufferen ze vill Alkohol gedronk haten an trotzdeem gefuer sinn.

En Donneschdeg géint 17 Auer koum et an der Rue de Kopstal am Rollengergronn zu engem Accident. De Chauffer hat deemno d'Kontroll an enger Kéier verluer, ass géint e Kazena gerannt a schlussendlech frontal mat engem Bam kollidéiert. De Chauffer koum mat enger Platzwonn um Kapp an d'Spidol. En Alkoholtest war iwwerdeem positiv, wouduerch de Mann e provisorescht Fuerverbuet krut. Donieft huet hien zouginn, wärend dem Fueren telefonéiert ze hunn a kee Sécherheetsgurt ugehat ze hunn. D'Strooss huet misse fir d'Rettungsaarbechte gespaart ginn.

An der Nuecht op e Freideg war enger Patrull géint 3:30 Auer op der A4 op der Héicht vun der Ausfaart Esch-Uelzecht Zentrum e Gefier opgefall, dat ëmmer nees gebremst huet an a Schlaangelinne gefuer ass. De Chauffer gouf doropshin um Boulevard Pierre Dupong zu Esch gestoppt. Bei der Kontroll hunn d'Beamte gemierkt, datt och dësen Automobilist Alkohol gedronk hat. Och an dësem Fall hat de Chauffer ze vill gedronk a krut e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO