Luxexpo Open AirConcert vum Katy Perry mat "Teenage Dream" a "California Gurls" lancéiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend ëm 21 Auer ass d'Show vun der Pop-Ikon um Kierchbierg lassgaangen.
Déi éischt Minutte vum Katy-Perry-Concert
Ëm 21 Auer ass d'Show vun der Pop-Ikon um Kierchbierg lassgaangen.

Mat méi wéi 150 Millioune verkaafte Placken ass d'Katy Perry eng vun den erfollegräichste Musekerinnen op der Welt. Si ass schonn an der berüümter Halftime Show vum Super Bowl opgetrueden a stoung rezent zu Los Angeles bei der Ouverture vun der Futtball-WM op der Bün. Souguer am Weltall war si schonn.

Eng Kënschtlerin, déi vill Mënsche begeeschtert - och zu Lëtzebuerg, wéi een um Parking vun der Luxexpo konnt gesinn. D'Fans vun der US-amerikanescher Sängerin sinn op de Site era gestiermt, wéi d'Dieren um 17:30 Auer opgaange sinn. An trotz staarke Reeschauere wollten d'Leit sech déi bescht Plaz bei der Bün sécheren, fir hirem Star esou no wéi méiglech ze sinn.

15.500 Leit gi sech um Concert erwaart an déi kréien eng spektakulär Show geliwwert, verréit de Musekschef vun RTL Radio Lëtzebuerg, de Jules Serrig, am Interview mam Olivier Catani. D'Fans dierfe sech wuel souguer op ee Stage Diving vum Katy Perry freeën an op ee flott Bünebild.

Méi Detailer iwwer d'Katy Perry a seng Show an Andréck am Virfeld vum Concert gëtt et am Replay vum Magazin. Weider Andréck a Fotoe vun der Plaz ginn et dann e Mëttwoch de Moien op RTL.lu.

Jules Serrig, Musekchef vun RTL Radio Lëtzebuerg, iwwer d'Katy Perry
Et ass eng Kënschtlerin, déi vill Mënsche begeeschtert - och zu Lëtzebuerg, wéi een um Parking vun der Luxexpo konnt gesinn.
De Magazin live um Luxexpo Open Air
Ëm 21 Auer geet d'Show vun der Pop-Ikon um Kierchbierg lass.

Back to Top
CIM LOGO