"Enn vun enger Ära"Ariana Grande mécht no London-Concerten eng Paus

RTL Lëtzebuerg
D'Amerikanerin huet en Dënschdeg den Owend de leschte Concert vun hirer "Eternal Sunshine"-Tour zu London gespillt.

D’Sängerin wëll sech no der 10 Deeg laanger Residenz an der O2-Arena zu London aus dem ëffentleche Liewe zeréckzéien.

D’Fans hu vum "Enn vun enger Ära“ geschwat, gläichzäiteg awer och Versteesdemech fir hir Decisioun gewisen. Zanter Juli gouf et vill Kommentaren iwwer der Grande hire staarke Gewiichtsverloscht. Si selwer huet dës Kommentaren als toxesch a geféierlech bezeechent. Déi vill Optrëtter hätten zu enger ëffentlecher Iwwerwaachung ouni Enn gefouert.

D'Grande huet dowéinst och hir geplangte Roll am West-End-Musical „Sunday in the Park with George“ ofgesot.

Déi 33 Joer al Kënschtlerin ass nieft hirer Carrière als Musekerin och als Schauspillerin bekannt. Fir hir Roll als Glinda am Film "Wicked“ krut si 2025 eng Oscar-Nominatioun.

Back to Top
CIM LOGO