"Tëppel an Tun"De Kanner-Fräiliichttheater mat enger Adaptatioun vum Erich-Kästner-Buch

Sophie Becker
D’Schankemännchen ASBL zu Groussbus ass rëm amgaangen, un engem neie Fräiliicht-Spektakel ze schaffen – e Stéck, dat sech un de jonke Public richt.
"Tëppel an Tun" baséiert um bekannte Roman "Pünktchen und Anton".

Et ass e Stéck, dat ursprénglech op engem Buch vum Erich Kästner baséiert. "Tëppel an Tun" ass eng Lëtzebuerger Theater-Adaptatioun vum Kannerroman "Pünktchen und Anton" aus dem Joer 1931.

"Ech sinn op deem heite Stéck hänke bliwwen, éischtens well et gutt geschriwwen ass a well et Themen opgräift, déi nach ëmmer ganz aktuell sinn – wéi Aarmut, Räichtum a Frëndschaft. Ma awer och well mer Kanner tëscht fënnef an 12 Joer hunn, déi hei matspillen", sou de Jemp Schuster.

24 Kanner si viru siwe Méint eng éischte Kéier zesummekomm, fir sech kennenzeléieren an dëst Stéck zesummen ze prouwen. De Clod Thommes ass Regisseur vum Stéck.

"Et sinn 18 Meedercher a sechs Jongen, déi sech gemellt hunn. An am Februar hate mer eis dann eng éischte Kéier getraff. Dunn hate mer sou eng kleng Prouf gemaach, wou mer sou Rollespiller mat hinne gemaach haten, wou mir hir Stëmmen héieren hunn an einfach kucke konnten, wéi vill traue se sech", esou d'Regie-Assistentin Michèle Turpel.

An déi 40 Prouwen hu si zanterdeem zesumme verbruecht an hire Fläiss dréit Friichten. D'Kanner kënnen hei hir Talenter wierklech weisen. Et gëtt Theater gespillt, gesongen an déi wou et kënnen, spillen och en Instrument.

"Et war dës Kéier eng Dynamik do, déi ech seele gesinn hunn. D'Kanner hu wierklech Loscht ze spillen. Et huet ee wierklech gemierkt, wéi déi Kanner déi Rollen net just spillen, mee wierklech liewen," esou de Clod Thommes.

Am Original-Roman vum Erich Kästner si just zwee Kanner, d'Pünktchen an den Anton – dowéinst misst de Jemp Schuster d'Rolle vun den Erwuessenen e bëssen ëmschreiwen.

"Mir spillen och hei am Decor vu Berlin an den 1930er Joren. D'Kanner sinn och all sou kostüméiert wéi an den 30er Joren. An dat ass flott, virun allem bei deene Kanner, déi d'Roll vun engem Erwuessene musse spillen, da si se vill méi glafwierdeg an doduerch kritt dat säin eegene Charme", sou den Auteur Jemp Schuster.

Back to Top
CIM LOGO