
Zwee Deeg huet et gedauert a scho war de Gösta ee Star op TikTok mat iwwer 1,4 Millioune Views. De Cocker Spaniel aus Groussbritannien huet eng seelen Erkrankung, hien huet Narkolepsie a Kombinatioun mat Kataplexie. An anere Wierder, soubal dee klenge Mupp staark Emotioune verspiert, wéi zum Beispill Freed beim Spillen, wann et ze friesse gëtt oder wärend dem Spadséiertour, schléift hie matte wärend der Beweegung op eemol fir e puer Sekonnen an. Dobäi sackt hien einfach zesummen a schléift.
Veterinäre betounen, dass déi genetesch bedéngten Erkrankung fir Familljenhënn am Alldag eigentlech komplett harmlos ass. Péng verspiere betraffen Déieren och net. Soubal de Reiz fort ass oder de Gösta douce geruff gëtt, mécht hie seng Aen nees op an et geet nees weider. Problematesch wier dës Krankheet just fir Schaff- oder Rettungshënn. Dëst beweisen och déi vill Biller a Videoe vum Gösta senge Besëtzer, déi si am Internet deelen. De Gösta ass trotz allem ee ganz glécklechen an onbeschwéierte klenge Mupp.
Déi eenzeg Gefor fir de Mupp ass seng direkt Ëmgéigend wann e bis ëmfält. Seng Besëtzer mussen am Alldag immens drop oppassen, wou dat grad geschitt. Et kéint soss och virkommen, dass de Gösta an den Trapen ëmkippt, an d'Waasser plompst oder sech un haarde respektiv spatze Géigestänn blesséiert.
Bei Narkolepsie handelt et sech ëm eng chronesch neurologesch Erkrankung, déi zu stënterlechen, onkontrolléierte Schlofattacke féiert. D'Ursaach ass eng Feelfunktioun vun Neurotransmitter, déi de Schlof-Waach-Rhythmus reguléieren.
Kataplexie ass de plëtzleche Verloscht vun der Muskelspannung. Dëst gëtt bei Hënn bal ëmmer duerch positiv Emotiounen oder Opreegung ausgeléist. Den Hond brécht deemno zesummen, bleift dobäi dacks bei vollem Bewosstsinn an erhëlt sech no e puer Sekonnen nees komplett.