Vun der EU-Kommissioun an de Lëtzebuerger Staatsministère: Dat ass de Wee deen eis Invitée vun der Redaktioun Anne Calteux fir d‘Rentrée aschloe wäert. Wéi bewäert d‘Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg déi aktuell Situatioun vum Krich an der Ukrain an den europäeschen Zesummenhalt?
Mir froen d‘Anne Calteux awer och, wéi si hiren zukünftegen Job als Directrice vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique interpretéiert. Et wäert ëm Digitaliséierung a KI goen.
D’Invitée vun der Redaktioun héiert Dir, wéi gewinnt kuerz, no 8 Auer bei eis um Radio an am Stream.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.