Zu StadbriedemesFuesmusek am Summer mam "Jeck im Sunnesching"

Christophe Hochard
Fuesstëmmung am Summer: dat gouf et um Sonndeg eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg.

Zu Briedemes huet et geheescht: "Jeck im Sunnesching". Wat viru Jore säin Ursprong an der Fueshéichbuerg zu Köln hat, huet de Wee elo och op Lëtzebuerg fonnt. Duerch Fuesmusek d'Leit a Stëmmung bréngen, an dat am beschte souguer nach verkleet.

Mat ënner anerem den Höhner, de Räuber a villen anere bekannte Gruppen aus der Kölner Fuesent gouf um Sonndeg bei der Schleis vu Stadbriedemes gefeiert.

Fuesmusek am Summer mam "Jeck im Sunnesching"
Fuesstëmmung am Summer: dat gouf et um Sonndeg eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO