Well et déi leschte Wochen a Méint immens dréche war, hunn d'Gromperen opgehale mat wuessen. Eng Rei Baueren hunn dowéinst dëst Joer eng zolidd Perte gemaach. Dat gëllt fir sou zimmlech all d'Zorten.
Fir d'Leit bedeit dat, dass se vill schiele mussen, well d'Gromperen esou kleng sinn. Och fir Fritten ze maachen, kéint et schwéier ginn, erkläert de Fred Huet, President vum Interesseveräin vum Musée Bënzelt: "Et gëtt keng laang Fritten dëst Joer." Hei hänkt et och vill vun den Zorten of, ma bei de Fitten- an Iessgrompere wier mat engem Ausfall vun ongeféier 30 Prozent ze rechnen.
Eng honnert Leit hunn e Sonndeg de Moie gehollef, d'Grompere rafen, esou dass an der Mëttegstonn schonn alles agesammelt war. Um Gromperefest gouf et awer och Trakteren ze bewonneren. Déi ënnerschiddlechst Marken a Baujore ware vertrueden. Déi däitsch Mark "Hanomag" war op dëser Editioun vum Gromperefest "à la une". Vun Hannover kënnt dës Traktermark mat Sammlerwäert.
Sonndes de 5. September 2027 ginn zu Bënzelt dann nees Grompere geraf.