Flott FotoenGelongenen Optakt vun der 1. Kapesëtzung 2020 vum KaGePe
Déi 1. Kapesëtzung 2020 vum KaGePe, e Freideg de 6. Mäerz, war e gudde Barometer fir eng op en Neits excellent Fuessaison bis Halleffaaschten zu Péiteng!
Verëffentlecht: 07.03.20 10:13, Update: 07.03.20 11:25
De Centre de Loisirs zu Rolleng war wéi ëmmer struppevoll an dorënner och vill flott verkleete Boken! Si kruten en immens ofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat Musek, Danz a lëschtege Sketcher. A matzendran: de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon.