
Den 13. August 1996 huet d'Enquête no der Entféierung um 14 Joer ale Laetitia Delhez d'Police bei de Marc Dutroux gefouert. Schonn deemools war hien den Autoritéite bekannt. Hien a seng deemoleg Fra Michelle Martin goufen zu Marcinelle festgeholl.
Kuerz drop huet sech d'Ausmooss vun der Affär gewisen. An engem verstoppte Raum am Keller vum Haus vum Marc Dutroux goufen dat 12 Joer aalt Sabine Dardenne an dat 14 Joer aalt Laetitia Delhez lieweg fonnt. Awer och d'Läiche vun den 8 Joer ale Meedercher Julie Lejeune a Mélissa Russo, déi 1995 verschwonne waren, goufen entdeckt. Souwéi déi vun der 17 Joer aler An Marchal an der 19 Joer aler Eefje Lambrecks, déi entfouert an ëmbruecht gi waren. Dem Marc Dutroux konnt d'Entféierung vu sechs Meedercher nogewise ginn, véier vun hinnen hunn net iwwerlieft.
E weidere Mord konnt dem Marc Dutroux dann zougeschriwwe ginn. Deen um Bernard Weinstein, engem Mann aus dem kriminelle Milieu, dee mat him zesummegeschafft huet. 1995 war hie vum Marc Dutroux gefaange gehalen an ëmbruecht ginn. Seng Läich gouf am August 1996 fonnt.
Déi ganz Affär Dutroux huet an der Belsch e massive Vertrauensverloscht an d'Police an d'Justiz ausgeléist. De Marc Dutroux war schonn 1989 wéinst dem Entféieren a Vergewaltege vu fënnef Meedercher verurteelt ginn, koum awer no nëmmen e puer Joer Prisong nees fräi. Nodeems hien den 13. August 1996 festgeholl gouf, huet sech ëmmer méi gewisen, datt et bei den Autoritéiten u Koordinatioun an Informatiounsaustausch gefeelt huet.
Den 20. Oktober 1996 sinn Dausende vu Leit bei der Marche Blanche zu Bréissel op d'Strooss gaangen. Si hunn den Affer geduecht an eng méi effikass Police a Justiz gefuerdert. D'Marche gouf zum Symbol vun enger Gesellschaft, déi d'Gefill hat, datt de Staat seng Kanner net genuch geschützt hätt. D'Affär huet an de Joren duerno zu wichtege Reforme bei der Police an am Justizsystem gefouert. Ënner anerem d'Staatspolice an d'Gendarmerie goufen opgeléist an de Service fir Vermësster gouf mat zousätzlechem Personal opgestockt.
1998 koum et awer zu engem weidere Skandal. Den 23. Abrëll ass de Marc Dutroux aus dem Palais de Justice zu Neufchâteau geflücht, wou hie säin Dossier consultéiere sollt. Hien huet engem Gendaarm d'Waff ofgeholl an ass fortgelaf. No e puer Stonne gouf hien an engem Bësch bei Chiny nees festgeholl. D'Flucht huet zu enger neier politescher Kris gefouert. De Justizminister Stefaan De Clerck an den Inneminister Johan Vande Lanotte hunn demissionéiert.
Eréischt 2004 koum et zum Prozess géint de Marc Dutroux. Déi aussergewéinlech laang Enquête war ënner anerem duerch d'Komplexitéit vum Dossier ze erklären. Honnerte vun Zeien, eng enorm Quantitéit un Dokumenter an eng ganz Rei juristesch Froen. De Prozess zu Arel ass den 1. Mäerz 2004 ugaangen an huet véier Méint laang gedauert.
Den 22. Juni 2004 gouf de Marc Dutroux zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Hie gouf fir d'Entféieren an d'Aspäre vun de sechs Meedercher, souwéi fir de Mord un de véier verstuerwenen Meedercher an och fir de Mord um Bernard Weinstein schëlleg gesprach.
Nieft dem Marc Dutroux a senger Exfra Michelle Martin stoungen 2004 och seng Komplize Michel Lelièvre a Michel Nihoul viru Geriicht. De Michel Lelièvre gouf wéinst senger Bedeelegung un der Entféierung an dem Aspäre vu véier Meedercher zu 25 Joer Prisong verurteelt. De Michel Nihoul gouf dogéint vun esou Uschëllegunge fräigesprach, mee wéinst krimineller Associatioun an Drogenhandel zu fënnef Joer Prisong verurteelt.
30 Joer no der Verhaftung ass de Marc Dutroux bis haut am Prisong.