
Zanter e Samschdeg wieren op d'mannst 84 Zaldote vun der Regierungsarméi ëmkomm, déi meescht vun hinne bei Rakéitenattacken, heescht et e Sonndeg aus Militärkreesser. Verschidden Huthi-Sourcen hu vu 57 Doudege bei der Miliz geschwat. Och Ziviliste solle gestuerwe sinn.
E Samschdeg war d'Noriichtenagence AFP vu Medezinner a vum Militär gewuer ginn, datt an der Stad Tais, déi vun der Regierung gehale gëtt, sechs Ziviliste bei enger Rakéitenattack op e Bus ëmkoumen. Weider siwe Leit goufen deemno blesséiert.
D'Huthien sinn zanter en Donneschdeg amgaangen, a Richtung vun der Küst um Roude Mier virzestoussen. Dem Militär no huet d'Miliz probéiert, den Hafe Mocha, dee vun der Regierung gehale gëtt, ofzeschneiden an an d'Gebidder beim Mierespassage Bab al-Mandab ze kommen.
Bei de Kämpf hunn d'Huthien deemno Hiwwele beim Roude Mier ageholl, vun deenen aus si Schëffer ugräife kënnen. Dobäi sinn der AFP no zanter en Donneschdeg méi wéi 300 Leit ëm d'Liewe komm.
Ee Vertrieder vun der Arméi vun der international unerkannter Regierung mat Sëtz zu Aden sot, datt d'Kämpf an de fréie Stonne vum Sonndegmoien ugefaangen hunn.
Eng Militärkoalitioun, déi vu Saudi-Arabien ugefouert gi war, huet d'jemenittesch Regierung zanter 2015 am Kampf géint d'Huthien ënnerstëtzt. Zanterdeem 2022 eng Wafferou vun der UNO vermëttelt gi war, waren d'Kämpf gréisstendeels gestoppt ginn. De leschte Juli ass dëse Waffestëllstand awer gebrach ginn, zanter ginn et sëllegen Attacken.
De Bab al-Mandab zielt zu de wichtegste Schëfffaartsstroosse vu der Welt a verbënnt d'Rout Mier mam Indeschen Ozean. Zanter der Blockad vun der Strooss vun Hormus huet de Bab al-Mandab u Bedeitung gewonnen.
D'Huthie kontrolléiere grouss Deeler am Jemen, dorënner d'Haaptstad Sanaa souwéi Gebidder un der Grenz zu de saudi-arabesche Provënzen um Roude Mier.