US-Vertrieder zu KiewSelenskyj pessimistesch no Entrevue, Witkoff fuerdert Kompromësser vu béide Säiten

AFP, iwwersat vun RTL
D'Zeeche fir ee Friddensaccord am Ukrain-Krich stinn net gutt: Nodeems den ukrainesche President Selenskyj sech e Sonndeg fir Gespréicher mam US-Spezialemissär Witkoff an dem President Trump sengem Edem Jared Kushner gesinn huet, wier hie fir een Accord pessimistesch agestallt.
Bei ihrem ersten Besuch in Kiew seit Beginn des russischen Angriffskriegs gegen die Ukraine haben die US-Gesandten Witkoff und Kushner Zugeständnisse von beiden Seiten gefordert. "Beide Parteien müssen Kompromisse eingehen und die Meinungsverschiedenheiten abbauen", sagte Witkoff.
D'US-Vertrieder Jared Kushner a Steve Witkoff zesumme mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.
© AFP

Déi amerikanesch Delegatioun hat sech den Dag virdrun nach zu Moskau mam russesche President getraff, a vu béide Säite Kompromësser gefuerdert. Den ukrainesche President huet allerdéngs ënnerstrach, datt territorial Froe just bei engem Treffe vu béide Staatscheffe kéinte gekläert ginn.

"Mir denken, iwwer déi néideg Elementer" fir e Kompromëss no, sot de Witkoff an der ukrainescher Haaptstad, an déi hien zesumme mam Eedem vum US-President Trump, dem Jared Kushner, gereest war. "Et ass immens schwéier, mä mir sinn decidéiert, et läit eis um Häerz a mir hoffen, datt dat alles zu enger erfollegräicher, friddlecher diplomatescher Léisung féiere wäert", esou de Witkoff nach. Virdrun hat hie vun enger "substanzieller a wichteger Diskussioun" geschwat, déi esoulaang weider géing goen, "wéi et néideg ass".

Et géing dobäi bleiwen, "datt esou komplex Froen" nëmmen um héchsten Niveau gekläert kéinte ginn, sot de Selenskyj mat Bléck op méiglech Kompromësser. Den ukrainesche Staatschef huet zanter dem Ufank vum Krich de 24. Februar 2022 schonn e puer Mol eng Entrevue mam russesche President Putin gefuerdert, dëse refuséiert dat awer.

Trotz enger "positiver" Bewäertung vun de Gespréicher mat den USA geet de Selenskyj aktuell dovun aus, datt de Krich mat Russland och am Wanter weidergoe wäert. Hie setzt dobäi weider op "d'Ënnerstëtzung vun eisen europäesche Partner", esou den ukrainesche President. Bei engem Deel vun de Berodungen zu Kiew waren och Vertrieder aus Berlin, Paräis a London dobäi.

Virun den Negociatiounen zu Kiew hat de Selenskyj erkläert, säi Land wier ëmmer fir Gespréicher bereet gewiescht, wier ëmmer konstruktiv gewiescht a wäert et och bleiwen. "Fridde gëtt gebraucht. Sécherheetsgarantië gi gebraucht."

Déi zwee US-Vertrieder waren e Sonndeg mam Zuch aus Polen an d'ukrainesch Haaptstad gereest. Virdru ware si schonn zu Moskau, wou si mam Putin verhandelt hunn. Do ware si iwwerdeem zanter dem Ufank vum Krich schonn e puer Mol.

Béid Krichsparteien haten zougeséchert, d'Haaptstied fir dräi Deeg net unzegräifen, fir d'US-Vermëttlungsmissioun net a Gefor ze bréngen. Bei der Entrevue e Samschdeg, déi dräi Stonne gedauert huet, hunn de Witkoff an de Kushenr mam Putin iwwer "konkreet Pläng" fir déi nächst Schrëtt fir en Enn vum Krich geschwat, mellt d'US-Regierung. An den nächste Woche géingen dës Pläng bekannt gi ginn, heescht et weider aus Washington.

Wéi op Opnamen op der Tëlee ze gesi war, huet de Putin dem Trump Merci gesot, datt dësen "net ophéiere" géing ze probéieren, de Krich op en Enn ze bréngen, obwuel dat "net einfach" wier. Och de Kreml-Beroder Juri Uschakow sot viru Journalisten, datt d'Gespréich iwwer "méiglech Weeër fir eng Léisung" "konstruktiv, immens oppen a vertrauensvoll" gewiescht wier. Déi russesch Säit hätt den US-Vertrieder matgedeelt, Moskau wier "zouversiichtlech", seng militäresch Ziler - d'Eruewerung vum Rescht vum Oste vun der Ukrain - erreechen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO