
Insgesamt hunn déi sechs Beamten op der Plaz 44 Chauffere käschteflichteg verwarnt, well si d'Spuer net esou benotzt hunn, wéi virgesinn. Nach emol véier Chauffere kruten ee Protokoll, well si wärend der Faart um Handy waren. Dräi Chaufferen haten iwwerdeems kee Fürerschäin derbäi, wéi si kontrolléiert goufen.
An zwee Fäll war d'Steiervignette ofgelaf an zwee Autoen hate kee Contrôle technique méi um Won. Véier Leit hate Placken, déi net de Bestëmmungen entspriechen. Nach emol fënnef Autoe sinn opgefall, well den Auto op eng aner Manéier net ganz an der Rei war.