Eng weider Kéier6 Jugendlecher hunn zu Dräibuer randaléiert, Police muss agräifen
D'Police huet e Freideg an der zouener Unitéit UNISEC zu Dräibuer missten intervenéieren, well 6 Jugendlecher an engem Gemeinschaftsraum randaléiert hunn.
Verëffentlecht: 28.01.22 15:21, Update: 08.12.25 13:53
Wéi d'Police op der Plaz war, war d'Situatioun séier ënner Kontroll. De Parquet gouf awer iwwert den Tëschefall informéiert.
Ufank Januar war et schonn zu engem änlechen Tëschefall komm.