Nieft Iwwerfäll an der StadZwee Abriecher zu Huldang gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, krute si en Dënschdeg géint 19:10 Auer en Abroch zu Huldang an engem Eefamilljenhaus gemellt.
Symbolbild
© RTL-Grafik

Zwee Verdächteger, déi am Haus d'Büroen duerchwullt haten, konnten nach op der Plaz vun enger Policepatrull gestallt ginn. Bei der Fouille goufe verschidde Géigestänn, dorënner Handyen a Boergeld séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteger festgeholl a koume schonn de Moien drop virun den Untersuchungsriichter.

Wéi d'Police weider mellt, koum et en Dënschdeg och nach zu zwee Iwwerfäll an der Stad.

Kuerz no 16 Auer hat en Onbekannte an der Rue Felix de Blochausen eng Persoun vun hannen iwwerrascht, op de Buedem gedréckt an den Handy geklaut. De Verdächtege gouf allerdéngs vun engem Zeie gesinn a verfollegt. Dëse konnt dem Brigang souguer den Handy nees ofhuelen, ma den Onbekannten ass dono geflücht. D'Affer gouf beim Virfall um Handgelenk souwéi un der Schëller verletzt a koum fir eng medezinesch Behandlung an d'Spidol.

Méi spéit géint 22 Auer koum et zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen op der Place d'Armes. Éischten Informatiounen no haten e puer Männer zwee anerer geschloen an hinnen hir Handye geklaut, fir dono ze flüchten. Wéi d'Police op d'Plaz koum, hu si festgestallt, dass béid Männer däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum opgewisen hunn. Ee vun hinnen hat wärend dem Sträit eng mam Fouss bei de Kapp kritt a koum an d'Spidol.

A béide Fäll gouf protokolléiert an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO