
De Prozess ëm den déidlechen Accident mat der Äisskulptur um Chrëschtmaart 2019 ass e Méindeg mat de Plädoyere vun der Defense virugaangen. D'Affekote vum Haaptsculpteur hu gefrot, datt hien eng Amende, mä keng Prisongsstrof soll kréien. Fir déi aner zwee Sculpteuren hunn hir jeeweileg Affekoten e Fräisproch gefrot, well si just Executantë gewiescht wären.
Och den Affekot vum Programmateur vum Touristebureau LCTO, deen d'Skulptur bestallt hat, huet e Fräisproch fir säi Client gefrot, well de Programmateur mat deenen Informatiounen, déi hien am Virfeld kritt hätt, kee Sécherheetsrisiko hätt kënnen antizipéieren. Op sengem Devis hat der Sculpteur ouni Punkt a Komma proposéiert, eng "Animation Live à partir de 2,2 tonnes de glace" ze maachen. Eng vun de proposéierten Optioune war "Fond de scène Châlet 2,5 m de haut avec père noel en train de prendre un café en terrasse avec plusieurs assises pour le public".
Dat hätt och kënnen eng Skulptur mat enger breeder, déiwer Basis sinn. Esou wéi den Äisbier, deen de Sculpteur d'Joer virdru geliwwert hat, an deen och zwee Meter héich war, sou den Affekot vum Programmateur. Mä eben en zolitte Sockel hat. Aus dem Devis hätt een net kënnen erausliesen, datt et sech herno ëm verschidden Eenzelstécker géing handelen, dont eng Fassad, déi zwar 2,5 Meter héich, mee just 25 Zentimeter déif war, sot d'Defense. Dat muss ee sech virstellen, wéi eng Broutscheif, déi den héije Wee steet.
Där Fassad hire Centre de gravité ass dowéinst relativ séier baussent hire Sockel gekippt. Dat duerch d'Pente um Knuedler an hir schlecht Installatioun op der Pallette, wéi d'Expertisen erginn hunn. Déi Expertisen, esou den Affekot vum Programmateur, hätten d'Héicht u sech net als eng vun den Ursaache vum Accident identifizéiert. Si wier am Virfeld net dat Alarmsignal gewiescht, zu deem se am Laf vun der Enquête gemaach gi wär, wéi bis jiddereen d'Bild vun der Fassad am Kapp gehat hätt. Säi Client hätt also net déi néideg Informatioune gehat, fir eng Risikoanalys bei den dofir zoustännege Kolleege vun der Stad Lëtzebuerg ze froen. Hie wier net méi Hellseher wéi d'Kolleege vun der Stad Lëtzebuerg, déi méi technesch Kompetenzen hätten. D'Skulptur wier d'autant plus an deem Perimeter opgeriicht ginn, deen d'Mataarbechter vum Stater Maartservice ausgewisen haten.
D'Affekote vun der Defense hunn ausserdeem d'Héicht vun den Entschiedegunge vun den Zivilparteien, also der Famill vum klengen Emran, a Fro gestallt. An dat haaptsächlech, wat d'Héicht vun de verrechenten Affekotekäschten an den Indemnités de procédures vun den eelef Familljememberen ugeet. D'Affekotin vun der Famill hat eréischt Partie civile erkläert, nodeems d'Zeien an d'Ugekloten déi lescht Woch viru Geriicht gehéiert gi waren. Si war bis dohin net am Prozess intervenéiert an och net an der Prozedur virdrun. Ee vun den Defense-Affekoten hat dofir ausgerechent, datt d'Affekotin der Famill géing 77.000 Euro verrechnen - just fir an der Sitzung ze sëtzen. Si hätt also e Stonneloun vun iwwer 1.000 Euro gefrot. Dat wier en Excès an d'Montante misste reduzéiert ginn.