Invité vun der Redaktioun (30. Juni) - Alexander FlassakFindel erwaart Rekordsummer mat 1,2 Millioune Passagéier

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie war de Lëtzebuerger Fluchhafen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Alexander Flassak
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et gëtt ëmmer méi komplex, sech ofzestëmmen. De Fluchhafe gëtt ëmmer méi staark belaascht an d'Pist ass méi empfindlech op kleng Stéierungen, wat da gréisser Auswierkungen huet, sot den Alexander Flassak en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Generaldirekter vu Lux-Airport, der Bedreiwer-Gesellschaft vum Lëtzebuerger Flughafen, huet verséchert, datt d'Sportfligerei ganz wichteg wär. Virleschte Sonndeg hat en Oldtimer-Fliger en Accident an d'Pist hat misse gespaart ginn, wat Auswierkungen op iwwer 5.200 Passagéier a 66 Vollen hat, déi annuléiert oder ëmgeleet goufen oder Retard haten.
 

Zukunft vun der Sportfligerei net méi um Findel?

D'Sportfligerei hätt eng grouss Traditioun um Findel a misst natierlech erhale bleiwen. An de laangfristege Pläng wär se awer net méi um Findel virgesinn, well d'Co-Existenz ëmmer méi schwiereg gëtt. Den Alexander Flassak hofft, datt d'Sportfligeren eng aner Plaz zu Lëtzebuerg fannen.

Massiven Ausbau vum Fluchhafen

Sécher ass, datt de Findel muss ausgebaut ginn. Fir dëst Joer rechent ee mat engem neie Rekord u Passagéier vu 5,7 Milliounen. D'Zuelen hu sech déi lescht 10 Joer verduebelt a solle sech bis 2050 nach eemol op iwwer 10 Millioune verduebelen. Haut ass deels moies de Fluchhafen extrem ausgelaascht. Besonnesch d'Maschinne vun der Luxair gi fréi eraus. Owes ass och méi Gedrécks an iwwert den Dag ass et méi roueg. Nach wären d'Waardezäite vertrietbar, mä et misst eeben onbedéngt vergréissert ginn, sou de Lux-Airport-Chef. Déi nächst Jore wäert elo moderniséiert ginn. Bis 2028/29 ginn d'Terminale B an A erweidert. Bis 2032 soll den Ausbau vum Haaptgebai fäerdeg sinn, mam Tram, deen direkt virun der Dier hält.

Modern Scanneren eréischt 2028

Op aneren internationale Fluchhäfe gëtt et haut scho méi modern Scanneren, wou een d'Flëssegkeeten an och elektronesch Geräter am Handgepäck ka loossen. Sou ginn d'Kontrolle vill méi séier a si méi komfortabel. Éischt där Scanneren dierfte geschwënn am "Business Aviation Center" getest ginn, wou also d'Privatjette starten a landen. Bis 2028 an dem Ausbau vum Terminal misst een nach Gedold hunn, wat déi normal, kommerziell Vollen um Findel ugeet.

Et bleift bei just enger Pist

Et bleift och bei just enger Pist um Lëtzebuerger Fluchhafen. U sech géif dat och duer goen, wann näischt dertëschent kënnt. 2021/22 gouf d'Pist jo frësch gemaach, an awer koum et duerno zu Problemer. Am Summer '24 a '25 hu Lächer an der Pist fir grouss Repercussioune gesuergt. "Mir mussen d'Pist nach eemol renovéieren", huet de Chef vu Lux-Airport bedauert. Et huet ee Plainte gemaach géint déi Firmen, déi fir d'Sanéierung responsabel waren. Aktuell gi vill méi Kontrolle vun der Pist gemaach, well een ebe weess, datt et Schwaachstelle gëtt. Dat géif leider en enorm héije Personalopwand bedeiten.  

16 Airlines um Findel an 120 Destinatiounen

Um Fluchhafen huet d'Vakanzesaison och schonn ugefaangen. Et gëtt sech e Rekordsummer erwaart, mat 13,5 Prozent méi Passagéier an 1,2 Millioune Leit. Op eenzelen Deeg am August wäert extra vill lass sinn. Um Internetsite vu Lux-Airport kann ee sech d'Auslaaschtung jee no Dag vum Fluchhafen och ukucken. Am Hierscht kënnt mat Etihad eng weider Fluchgesellschaft op Lëtzebuerg. 16 Airlines fléien da vum Findel aus op 120 Destinatiounen, d'Luxair natierlech am meeschten.
 
Ronn 50 Prozent vun de Passagéier kommen iwwregens mam ëffentlechen Transport op de Fluchhafen, virop natierlech mam Tram. 25 Prozent parken hiren Auto um Findel op ronn 9.200 Parkplazen, déi een am beschten am Viraus soll reservéieren.

Invité vun der Redaktioun: Alexander Flassak

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO