Fédération Aéronautique Luxembourgeoise Zukunft vum Findel: FAL fuerdert eng sachlech Debatt

Annick Goerens
D'Fédération Aéronautique Luxembourgeoise warnt dogéint, déi allgemeng Aviatioun um Findel op eng Niewenaktivitéit ze reduzéieren a fuerdert eng equilibréiert Entwécklung vum Aviatiounssecteur.
Zu der allgemenger Aviatioun gehéieren net just d'Sportfligerei an d'Business Aviatioun, mee och Veräinsaktivitéiten, Formatiounsfléien a privat Flich.
© Emmanuelle Schmit

Déi allgemeng Aviatioun um Findel dierf net just op eng Niewenaktivitéit oder een Accessoire um Fluchhafen reduzéiert ginn, dat schreift d'Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL) en Donneschdeg de Moien an engem Communiqué. D'FAL ënnersträicht, dass dës Aktivitéiten e wichtegen Deel vum lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur ausmaachen an dozou bäidroen, Kompetenzen an der Loftfaart hei am Land ze erhalen.

Zu der allgemenger Aviatioun gehéieren net just d'Sportfligerei an d'Business Aviatioun, mee och Veräinsaktivitéiten, Formatiounsfléien a privat Flich.

Donieft leescht déi allgemeng Aviatioun e wichtege Bäitrag fir d'Ausbildung vu Piloten zu Lëtzebuerg. Si hëlleft dobäi, Kompetenzen ze erhalen an ass domat e wichtege Bestanddeel vum lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur.

Gläichzäiteg erkennt d'Federatioun un, dass um Findel kloer Reegelen a gutt Koordinatioun tëscht kommerzieller an allgemenger Aviatioun néideg sinn, fir d'Sécherheet ze garantéieren.

An der Diskussioun iwwer d'Zukunft vun der Aviatioun geet et net drëm, fir déi kommerziell Aviatioun géint déi generell Aviatioun auszespillen, mee en equilibréierten a kohärenten Aviatiounsökosystem ze erhalen. Dobäi spillt och d'Zukunft vum Fluchfeld zu Näertrech eng Roll – eng Plaz, déi aktuell just dierf benotzt ginn, fir de Skydiving-Sport auszeüben.

Aner Fligeren dierfen do net landen. D'Federatioun begréisst an deem Kontext déi lafend Gespréicher mam Staat an dem Transportministère iwwer eng méiglech Reaktivéierung vum Site.

D'FAL plädéiert fir eng sachlech Debatt, déi sech op Fakten an déi reell Besoine vun den Notzer baséiert.

"Pilots don't fall from the sky"

Pilote falen net vum Himmel, dat kritiséiert d'Aircraft Owners and Pilots Association Luxembourg (AOPA Lëtzebuerg), d'Associatioun vun de Fligerbesëtzer a Piloten. Si kritiséiere Pläng, déi d'allgemeng Aviatioun um Findel kéinten aschränken oder zréckdrängen.

Si soen, datt de Fluchhafen ëmmer méi op kommerzielle Cargo-Trafic ausgeriicht gëtt, an datt d'Zesummeliewen tëscht de verschiddene Fluchaktivitéiten ëmmer méi schwéier gëtt.

D'AOPA betount, genee wéi d'FAL, dass d'allgemeng Aviatioun wichteg ass fir d'Ausbildung vu Piloten a fir d'Zukunft vum ganze Fluchsecteur, well vill professionell Piloten an Aéroclubben a Fluchschoulen ufänken. Wann dëse Beräich geschwächt gëtt, kéint dat hirer Meenung no och negativ Konsequenze fir déi kommerziell Aviatioun hunn.

Zousätzlech kritiséiert d'Associatioun, dass d'Debatt ze vill op kleng Fligere fokusséiert gëtt, wärend grouss Cargo-Operatiounen an hiren Impakt manner staark thematiséiert ginn. Wann et ëm Nuisancen a Sécherheet geet, misst een och de Cargo-Trafic vun der Cargolux mat hire grousse Boeing 747 an d'Aen faassen, well déi wieren eng Skala méi héich, wat souwuel de Verbrauch vu Pëtrol, hiert Gewiicht an hir Aktivitéit ugeet.

Als Alternativ gëtt ugeschwat, datt e méi groussen Deel vum Wuesstem eventuell op aner Fluchhäfe kéint verluecht ginn – zum Beispill op den Aéroport Lorraine Metz-Nancy – fir d'Kapazitéiten um Findel besser ze verdeelen. 42 Prozent vun de Clientë vu LuxairTours wieren nämlech franséisch Residenten.

D'AOPA fuerdert, dass de Findel eng Mëschung aus verschiddene Fluchaktivitéite soll bleiwen an net exklusiv op kommerziellen Trafic soll ausgeriicht ginn.

De Fluchhafe vu Lëtzebuerg gehéiert weder enger eenzeler Airline nach zu engem eenzege Wirtschaftsmodell, sou d'Associatioun vun de Fligerbesëtzer a Piloten.

<b>Communiqué de presse: AOPA Luxembourg</b>

Back to Top
CIM LOGO