Aus dem PolicebulletinZwee Abriecher zu Izeg gepëtzt, Kaartelieser op der Schueberfouer geklaut

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf et am Moien, ma och Owes eng Rei Asätz fir d'Police Grand-Ducale.
E Polizist an Uniform
© Laurent Weber

Géint 9:50 Auer gouf en Abroch an en Haus an der Hesper Strooss zu Izeg gemellt. Eng Patrull vun der Police hat op der Plaz zwee Verdächteger erwëscht an op Uerder vum Parquet festgeholl. Sie koume virun den Untersuchungsriichter.

Owes géint 20:10 Auer dann en Déifstall op der Schueberfouer. E Mann hat hei senger Affer e Kaartelieser aus der Hand gerappt an ass mat dësem fortgelaf. D'Police konnt hien no enger éischter Sich net fannen.

Géint 23:40 Auer dann e weideren Déifstall an der Rue Joseph Junck am Garer Quartier: Eng Affer gouf hei vun engem Mann ugeschwat, dësen huet hir doropshin d'Posch aus der Hand gerappt an ass och fortgelaf.

A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO