
Dat confirméiert den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz senger Parteikolleegin Octavie Modert, déi via Question parlementaire no Detailer gefrot hat. D'Regierung géing d'Enttäuschung vun de Wënzer verstoen, déi legitimmerweis drop gehofft haten, datt d'Vereinfachunge scho fir d'Lies 2026 a Kraaft wieren. De Gesetzprojet ass am November zejoert deposéiert ginn. Déi lescht Avise sinn am Juli erakomm.
De President un de Privatwënzer Jeff Konsbrück hat rezent op RTL bedauert, datt déi Ännerungen net scho fir dëst Joer gëllen a gesot, et kéint een net ganz verstoen, firwat d'Landwirtschaftskammer bis de 16. Juli gebraucht hätt, fir hiren Avis virzeleeën.