D’Canicule déi lescht Woch ass eng Konsequenz vum Klimawandel, dat seet de Premier Luc Frieden am éischten RTL-Summer-Interview zu Senneng am Park vum Schlass. D'Froen koumen net just aus eiser Redaktioun, mä se koumen virun allem vun Iech.
Mam Regierungschef hu mer am RTL Spezial ënnert anerem iwwert d'Zukunft vum Index, iwwert de Logement, iwwert d'Migratioun an de Klima geschwat.
D'lescht Woch gouf däitlech zu wat de Klimawandel féiere kann. De Luc Frieden seet, et wier eng seriö Erausfuerderung. Dofir wier d'Regierung amgaang, eng Strategie ëmzesetzen, fir datt zu Lëtzebuerg méi a méi séier erneierbar Energien an den Asaz kommen, fir datt et net esou vill Hëtztwelle gëtt. Et misst een d'Ursaache bekämpfe seet de Premier, deen och mol eng Kéier vun enger Klimapolitik geschwat huet, déi net nerve soll:
"Ech hunn de Klimawandel ëmmer als eng ganz seriö Gefor fir d'Mënschheet, och fir d'Leit hei am Land, ugesinn, an duerfir ass d'Approche, déi d'Regierung geholl huet, fir d'Leit ze encouragéieren, ze motivéieren, hiert Comportement ze änneren, voir méi erneierbar Energien ze gebrauchen, fir datt mer engersäits manner ofhängeg si vu fossillen Energien an och manner schlecht Produiten an d'Welt, an d'Ëmwelt schécken. An dat huet seng Effeten.”
An deene leschten zwee Joer wieren esou vill Photovoltaik-Anlagen installéiert ginn, wéi nach ni an et géifen och scho méi Wäermepompele kaaft ginn. Ee vun eise Spectateuren huet sech Gedanken iwwert den Index gemaach an huet proposéiert, einfach jidderengem 100 Euro ze ginn, wann eng Tranche vun 2,5 Prozent erfält. Dovunner léisst de Luc Frieden d’Fanger awer léiwer ewech: "Den Index ass e weesentlecht Element vum soziale Fridden zu Lëtzebuerg a wa mer dee soziale Fridde wëllen halen an och d’Cohésion sociale, da mengen ech, ass et wichteg, datt mer net onnoutwenneg Zodi am Land maachen."
D'Pensiounsreform vun zejoert hätt schonn zu grousser Opreegung gefouert, mä se wier awer wichteg gewiescht, fir d'Land op d'Zukunft ze preparéieren. Et läit op der Hand, datt de Logement ville leit Suerge mécht. Et ass eng Kris, déi et schonn zënter Joerzéngte gëtt an dofir wonnert et net, datt e jonke Mann de Luc Frieden gefrot huet, ob hie selwer géif dru gleewen, datt hie sech eng Wunneng hei am Land kéint kafen, wann hien elo eréischt 30 Joer hätt, zu Lëtzebuerg géif schaffen an nach keng Immobilien hätt.
De Luc Frieden seet, dat wier eng Fro déi hien dacks gestallt géif kréien. Entweder wann hie Jugend-Mouvementer géif gesinn oder am Gespréich mat de Frënn vu senge Kanner: "Vill vun deene Leit lounen haut, wat fréier, wéi ech ronderëm 30 war, manner de Fall war, well do sech der vill dann en Appartement kaf hunn. Ech sinn en Optimist an duerfir mengen ech, datt och déi dote Generatioun wäert sech kënnen eng Wunneng kafen, mee méi spéit, wéi dat vläicht fréier de Fall war. An duerfir musse mer nach eng Kéier kucken, datt méi gebaut gëtt."
De Luc Frieden gouf och gefrot, wat hie géint déi illegal Immigratioun wëll maachen. De Premier seet, déi misst ee bekämpfen, dofir bréicht ee virop Baussegrenzen, déi gutt geschützt sinn. Zu Lëtzebuerg wieren, zënter dës Regierung un der Muecht ass, d'Migratiounszuelen zeréck gaangen. Déi, déi kee Recht hätten hei ze bleiwen, missten erëm goen: "Duerfir hu mer och an der Regierung de Retour verstäerkt. Et si méi Retour-Volontairen, wéi dat virdrun de Fall war. Et sinn och Retour-forcéeë gemaach ginn. Dat ass ni eng gutt Solutioun, d'Retour -Volontairë si besser. An duerfir hu mer och déi Retour-Zenteren a verschiddene Formen zu Lëtzebuerg ënnert dem Lead vum Inneminister organiséiert."
De Luc Frieden ass dovunner iwwerzeegt, dass dat de richtege Wee ass an d’sozial Kohäsioun esou och erhale bleift. Wat déi europäesch "Return Hubs" ugeet, soll een elo mol kucken, wéi dat op verschiddene Plaze funktionéiert, esou de Luc Frieden. Si wieren en Zeechen. Illegal Immigrante géifen op déi Manéier däitlech gemaach kréien, datt se erëm misste goen, wa se kee Recht op Asyl kréien.