Liewensmëttelverwaltung deelt matSchockelaspudding vun der Mark "Milbona" wéinst Presenz vu Bakterien zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Vun der ALVA ass et e Réckruff vun engem Produit vun der Mark "Milbona", deen am Lidl verkaf gouf.
© RTL

Konkreet handelt et sech ëm den "High Protein Pudding Chocolate Flavour" vu Milbona, deen tëschent dem 31. Juli an dem 19. August am Lidl verkaf gouf. Grond wier eng méiglech Presenz vun der Bakterie "Bacillus cereus", déi jee no deem Erbriechen oder Duerchfall ausléise kéint.

Méi Infoen zum Réckruff a Produit fannt Dir um Site vun LU-Alert.

Back to Top
CIM LOGO