Invité vun der Redaktioun (6. Juli) - Gilles RothFinanzminister hält u Steierreform an Entwécklung vu Paie beim Staat fest

François Aulner
E Méindeg de Moie waren d'Lëtzebuerger Finanzen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Gilles Roth
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"En Zenario ass keen Automatismus" – esou huet de Finanzminister e Méindeg de Moien op RTL op en neie Rapport vum internationale Wärungsfong reagéiert. Deem Rapport no kéint d'Lëtzebuerger Staatsschold am Joer 2031 bei 39 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leien an an dräi Joer kéint de budgetären Defizit d'europäesch Limitte vun 3 Prozent iwwerschreiden.

De Gilles Roth huet déi Prognosen e Méindeg de Moie relativéiert.

Hie géing et mat "Rou" kucken. Éischtens emol huet hien op d'Zenarien higewisen, déi beim Regierungsuntrëtt vun CSV an DP um Dësch louchen, mee ni agetruede sinn. Zweetens wier d'Staatsschold hei am Land déi zweet niddregst an Europa.

D'Staatsfinanze wiere "robust", esou de Finanzminister, deen och méi Recettë verkënnegt huet. Hie kéint sech virstellen, datt et an den éischte sechs Méint vum Joer "wäit iwwert eng Milliard Euro" méi wäerte sinn ewéi am selwechten Zäitraum d'Joer virdrun.

D'nächst Woch präsentéiert hien déi genee Zuelen der Finanzkommissioun an der Chamber. Wéinst dem Steiergeheimnis wollt hien net genee soen, vu wou déi zousätzlech Recettë kommen. Mee hie sot, d'Finanzplaz wier "dynamesch" an datt sech dat an de Recettë vun der Kierperschaftssteier géing erëmspigelen.

De Gilles Roth huet awer och ëmmerhin e bësse budgetär Virsiicht ausgedréckt mat sengem Liblings-Sproch: "Et kann een net iwwerall d'Ham an der Mëllech kachen."

Hie wéilt d'Investitiounen an Infrastrukturen héich halen, mee "effizient gestalten" an "am Grëff" halen. Donieft misst ee kucken, wéi vill méi Recrutementer de Staat géing verkraaften, woubäi hien am selwechten Otemzuch d'Fonction publique rassuréiert huet: "Dat heescht net, datt d'Paie misste gekierzt ginn oder datt se sech net kéinte weider entwéckelen."

Den Zuch "aus dem Tunnel eraus kréien"

Un der Steierreform, déi ronn 900 Milliounen Euro d'Joer wäert kaschten, huet de Finanzminister festgehalen – et wiere keng Käschten, mee en "Invest an d'Kafkraaft vun de Leit". Nei Recetten duerch Steierhaussen huet hie weider ausgeschloss, well d'CSV- an d'DP-Walprogrammer an hire Koalitiounsaccord et esou virgesinn hunn.

A sengen Ae géingen déi "breet Schëlleren" mat engem Spëtzesteiersaz vu 45 Prozent (mat der Solidaritéitssteier) schonn eng méi breet Steierlaascht droen, well 2,5% vun de Stéit praktesch 45% vun de Recettë vun der Akommessteier generéieren.

De Gilles Roth huet dann och d'Mesurë vum Tripartitesaccord mat Patronat a Gewerkschafte verdeedegt, och d'Upassung vum Steierbarème un eng Indextranche. Wa 430 Milliounen Euro op zwee Joer de Präis wier, deen ee misst fir de soziale Fridde bezuelen, da wier dat fir hie "schonn an der Rei" – och wann de Pëtrolspräis antëscht nees ënner 72 US-Dollar de Barrel gefall ass.

De Gilles Roth wollt e Méindeg de Moien awer virun allem Zouversiicht verbreeden:

Politik ass eppes vun dem Machbaren. Et muss een och der Zäit Rechnung droen. Mir kënnen natierlech a Krisenzäiten mat engem Zuch an den Tunnel fueren, da kënne mer waarden an eis lamentéieren, datt däischter Nuecht do ass, mir kënnen awer och kucken, datt mer den Zuch aus dem Tunnel eraus kréien an an d'Dagesliicht féieren an dat ass, wat dës Regierung zesumme mat de Leit iwwregens wëll maachen.

Den "Apel fir den Duuscht", deen de Gilles Roth a senger Zäit an der Oppositioun ëmmer gefuerdert huet, wier nach do. Andeems een d'Land fir d'Zukunft géing stäerken.

E Méindeg de Moie waren d'Lëtzebuerger Finanzen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO