E Freideg presentéiert"Future Fund 3" soll Start-Uppen a klengen- a mëttelgroussen Entreprisen zegutt kommen

RTL Lëtzebuerg
Et ass e Fong, deen an aner Fongen investéiert, mam Zil d’Lëtzebuerger Wirtschaft ze diversifizéieren.
D'Sue sollen a Fongen investéiert ginn, fir Start-Uppen a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen ze finanzéieren.

E Freideg de Mëtten hunn de CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles de sougenannte “Future Fund 3” virgestallt. D’national Kredit- an Investissementsgesellschaft SNCI an den europäeschen Investitiounsfong investéieren am Ganzen 270 Milliounen Euro an dee Fong. Mat deene Sue sollen an aner Fongen investéiert gi fir Start-Uppen a kleng- a mëttelgrouss Entreprisen ze finanzéieren. Dat a Beräicher an deenen d’Lëtzebuerger Wirtschaft wuesse soll, zum Beispill a Gesondheetstechnologien, Weltraumtechnologien oder de Logistik-Secteur. Et wieren Investissementer, déi och mat engem gewësse Risiko verbonne wieren, esou de Finanzminister Gilles Roth.

"Natierlech kann net all Lous gewannen. Dat ass eeben esou an deem Domän, wann een an Entreprisen, déi e grousse Potenzial investéiert huet, da kann een e grousse Rendement kréien, mee et ass och déi eng oder déi aner, déi dat net packt an dat ass dee Risiko, dee mer hei dermat aginn. Duerfir investéiere mer jo net direkt an déi Entreprisen, mee mir investéieren zesumme mat der Expertise vum Fonds européen d'investissement, deen hei um Kierchbierg ass a Fongen. An déi Fongen, déi meeschtens zu Lëtzebuerg sinn, déi investéieren dann direkt oder indirekt a spezialiséiert Entreprisen an de Rendement, dee mer hoffen, dass en dann appropriéiert ass, dee kënnt herno zréck an d'Kapital vun der Lëtzebuerger Kredit- an Investitiounsgesellschaft."

Iwwert d’Future Funds 1 an 2 waren 263 Milliounen Euro investéiert ginn. Et ass net kloer, wéi vill Entreprise genee dovunner profitéiert hunn. D'Ministeren hunn awer versprach fir an Zukunft fir méi Transparenz ze suergen.

© Pedro Venancio / RTL

Back to Top
CIM LOGO