
An der Rue Marie-Adelaide koum et e Freideg de Moien um kuerz no 10 Auer zu engem Accident. Eng Persoun gouf hei vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Op der Plaz war de Rettungsdéngscht vu Mamer an aus der Stad Lëtzebuerg.
Kuerz virun 10 Auer koum et dann nach um CR101 tëscht Schëndels a Goussel zu engem Accident. Hei krute sech zwee Autoen ze paken. Blesséiert gouf hei keen.