
Op Invitatioun vun der Chamber war e Mëttwoch eng offiziell Delegatioun vum portugisesche Parlament hei zu Lëtzebuerg. Ugefouert vum President vun der Assemblée, dem José Pedro Aguiar-Branco.
D'Delegatioun huet Gespréicher mat Deputéierte gefouert, mam Premier a mam Ausseminister. Si gouf och an Audienz am Palais empfaangen. En Donneschdeg ass se och, zesumme mam Chamberpresident Claude Wiseler, beim Pèlerinage bei d'Fatima zu Wolz mat derbäi.