Um BelvalJugendleche gouf vu 5 anere Jugendlechen iwwerfall a krut seng E-Trottinett geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf en Iwwerfall an der Avenue du Blues um Belval gemellt.

Éischten Informatiounen no gouf ee Jugendleche vu 5 anere Jugendlechen ugegraff a krut seng E-Trottinett geklaut. Beim Iwwerfall gouf nieft der Trottinett och den Handy vum Affer beschiedegt. Mat der E-Trottinett hunn d'Täter sech duerno duerch d'Bascht gemaach. Beim Tëschefall gouf kee blesséiert.

Abréch a Gefierer

D'Police mellt dann, dass um Méindeg nees an eng Partie Autoen, respektiv Camionnetten agebrach gouf, sou zum Beispill zu Schëffleng an der Rue Denis Netgen. Hei goufen eng Rei Elektroapparater aus engem Liwwerwon geklaut.

Op der Stater Gare goufen an der Antwerpener Strooss Wäertgéigestänn aus engem Auto geklaut.

Back to Top
CIM LOGO