Claude Meisch äntwert op parlamentaresch FroKee Konzept vun engem "Lycée de proximité" am Gesetz virgesinn

Michèle Sinner
Virun der Vakanz hat et Diskussioune ginn, well Dossiere vun enger Rei Schüler vu Bouneweg an de Bouneweger Lycée transferéiert gi war.
Dës Foto gouf am Lycée classique zu Dikrech gemaach.
© Marc Hoscheid

Am Gesetz ass kee Konzept vun engem "Lycée de proximité" virgesinn, datt äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch op Nofro vum CSV-Deputéierte Paul Galles. Deemno gëtt et och keen Anzuchsgebitt vun engem Lycée, wat en automatescht Recht op eng Aschreiwung géing mat sech bréngen. Ma bei der Aschreiwung an de Lycée kritt een an engem Lycée à proximité, also an der Géigend Virrang.

D'Proximitéit zu engem Lycée, respektiv, ob ee Geschwëster an der Schoul huet, sinn déi Krittären, déi consideréiert ginn, wann ee Lycée méi Demanden huet, wéi e Schüler kann ophuelen. D'Decisioun, wou eng Plaz proposéiert gëtt, géif vum Ministère geholl, äntwert de Claude Meisch op eng aner Fro vun de gréngen Deputéierte Sam Tanson an Djuna Bernard.

Virun der Vakanz hat et Diskussioune ginn, well Dossiere vun enger Rei Schüler vu Bouneweg an de Bouneweger Lycée transferéiert gi war. Do sollt vun dëser Rentrée un eng Classique-Filière ugebuede ginn. Ma net all Eltere ware mat där Alternative zu hirer Demande an anere Lycéeën averstanen. Enn Juli war du kloer, datt net genuch Schüler do wieren, fir eng Classique-Filière zu Bouneweg opzebauen. De Ministère schreift elo, datt de Schüler aus der Stad an Ëmgéigend eng Alternativ um Geesseknäppchen oder um Lampertsbierg ugebuede géif.

Fir de Wiessel aus dem Fondamental op 7e dësen Hierscht waren an de Schoulen um Geesseknäppchen 126 Demandë refuséiert ginn, dovu 76 am Lycée Michel Rodange an 48 am Lycée Aline Mayrisch. De Jongelycée um Lampertsbierg hat 26 Demanden net ugeholl.

Dem Minister no goufen 49 Dossieren an de Bouneweger Lycée transferéiert. Dat, heescht et op Nofro, wieren dann awer keng Schüler aus der Stad an de Nopeschgemenge, mee aus anere Géigende vum Land.

Hei déi entspriechend parlamentaresch Froen 4501 a 4420.

Back to Top
CIM LOGO